Owesmaart am Park vun der Villa Vauban

De Syndicat d'Initiative vun der Gemeng Jonglënster huet den 19. Abrëll 2013 bei der Organisatioun an der Duerchféierung vun engem Owesmaart am Park vun der Villa Vauban gehollef.

Dësen Owesmaart mat regionalen Produkter an Konschthandwierk am Park vun der Villa Vauban an der Stad as bei Geleenheet vun der Ausstellung «Les Couleurs de la nuit» organiséiert gin. De Maart war eng lieweg Ergänzung zu der Ausstellung vun de Biller vum Petrus van Schendel, déi Maartszenen duerstellen.